Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Osten an ersetzt déi 19 fréier Paren Altwis, Bech-Maacher, Bus, Biermereng, Kanech, Duelem, Elleng, Elveng, Greiweldeng, Lenneng, Munneref, Rëmerschen, Réimech, Schengen, Schwéidsbeng, Stadbriedemes, Trënteng, Waldbriedemes a Welleschten.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Bous, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes a Waldbriedemes.
De Patréiner vun der Par ass den hellegen Niklos.
Mat engem äerzbëscheeflechen Dekreet vum 11. Juli 2018 gouf bestëmmt datt d'Stiefeskierch vu Réimech vum 1. August 2018 un, d'Parkierch vun der neier Par ass.[2]