From Wikipedia, the free encyclopedia
Op Kneiff ass e Lieu-dit bei Wilwerdang an der Gemeng Ëlwen, op deem eng Plaz mat 560 m (NG-L) als héchste Punkt vum Lëtzebuerger Land beim Kadaster gefouert gëtt[1],[2].
Op Kneiff | |
---|---|
Vir am Bild: d'Triangulationsmaark vum Kadaster. Deen héchste Punkt vum Land läit tëschent dem Fiichtebësch an deenen eenzele Beem riets dovun. | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Ëlwen |
Héicht | 560 m |
Koordinaten | 50°9'26,34"N, 6°2'13,00"O |
Op Basis vun topographesche Miessungen aus engem Fliger a mat Hëllef vum GPS-System den 31. Mee 1994, gouf tëscht 1994 an 1997 déi éischt topographesch Datebank fir Lëtzebuerg opgestallt. De Gebrauch vum GPS huet et erlaabt fir d'Donnéeën am nationale geodetesche System ze lokaliséieren. D'Héichtemiessung gouf mam Nivellement général du Luxembourg verknëppt. Bei dëser Miessung koum eraus, datt Op Kneiff mat 560,08 m déi héchst Plaz am Land ass an d'Buergplaz – déi bis dohin als déi héchst gegollt huet – mat 558,35 m[3], op der zweeter Plaz läit.
Op der drëtter Plaz ass den Napoleonsgaart an der Gemeng Rammerech mat 554,3 m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.