Olivia de Havilland
brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Olivia de Havilland, DBE, gebuer als Olivia Mary de Havilland den 1. Juli 1916 zu Tokio a gestuerwen de 25. Juli 2020 zu Paräis[1], war eng brittesch-US-amerikanesch Filmschauspillerin.
Olivia de Havilland | |
---|---|
Gebuertsnumm | Olivia Mary de Havilland |
Gebuer |
1. Juli 1916 Tokio |
Gestuerwen |
26. Juli 2020 16. Arrondissement |
Nationalitéit | USA, Vereenegt Kinnekräich, Frankräich |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Marcus Goodrich, Pierre Galante |
Papp | Walter Augustus de Havilland |
Mamm | Lillian Fontaine |
Geschwëster | Joan Fontaine |
Kanner | Gisèle Galante, Benjamin Briggs Goodrich |
Si gouf fir d'éischt bekannt wéi si zesumme mam Errol Flynn an Aventuresfilmer wéi Captain Blood (1935) oder The Adventures of Robin Hood (1938) gespillt huet. Eng vun hire bekanntste Rolle war déi vun der Melanie Hamilton am Filmklassiker Gone with the Wind (1939), fir dee si hir éischt vun am Ganze fënnef Oscar-Nominéierunge krut an déi eenzeg an der Kategorie vun der beschter Schauspillerin an enger Nieweroll.
Nodeems d'Olivia de Havilland mat den Ingenue-Rollen um Enn vun den 1940er Joren opgehalen hat, gouf si fir hir Rollen an Hold Back the Dawn (1941), To Each His Own (1946), The Snake Pit (1948), an The Heiress (1949) bekannt, fir déi si allkéiers als bescht Schauspillerin nominéiert gouf. Gewonnen hat se den Oscar schlussendlech fir To Each His Own (1947) an The Heiress (1950).
D'Olivia de Havilland war d'Schwëster vun der Schauspillerin Joan Fontaine.