nos cahiers
From Wikipedia, the free encyclopedia
nos cahiers - Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur ass eng lëtzebuergesch Kulturzäitschrëft déi uganks an den Éditions Saint-Paul publizéiert gouf. Déi éischt Nummer koum den 30. Abrëll 1980 eraus[1].
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft nos cahiers. Fir d'Zäitschrëft mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Les Cahiers luxembourgeois. |
President vum Redaktiounscomité waren noeneen de Pierre Grégoire, de Christian Calmes a vun 1995 un de Georges Goedert[2][3]. nos cahiers sinn an d'Fousspuere vun enger anerer kultureller Publikatioun getrueden, der Academia, déi wärend dem Éischte Weltkrich vum kathouleschen Akadeemiker-Veräin AV/ALUC gegrënnt gi war[3].
nos cahiers gëtt vum Kulturministère subventionéiert[4].