![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/ab/Nicolas_Cage_Deauville_2013_2.jpg/640px-Nicolas_Cage_Deauville_2013_2.jpg&w=640&q=50)
Nicolas Cage
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nicolas Cage, mam richtegen Numm Nicholas Kim Coppola, gebuer de 7. Januar 1964 zu Long Beach a Kalifornien, ass en US-amerikanesche Schauspiller a Filmproduzent.
Nicolas Cage | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Nicolas Kim Coppola |
Gebuer |
7. Januar 1964 Long Beach |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
UCLA School of Theater, Film and Television, Beverly Hills High School, Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Synchronspriecher, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsproduzent, Delegéierte Produzent, Televisiounsmoderateur |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Patricia Arquette, Lisa Marie Presley, Alice Kim Cage |
Liewenspartner(in) | Laura Dern |
Papp | August Coppola |
Geschwëster | Christopher Coppola, Marc Coppola |
Kanner | Weston Cage |
![]() |
Hien ass den Neveu vum Francis Ford Coppola a vun der Schauspillerin Talia Shire. Fir net als "Neveu vum..." ze gëllen, huet hien am Ufank vu senger Karriär säi Familljennumm geännert.
No sengem Schauspillstudium op der UCLA School of Theater, Film and Television war hien ë. a. an de Filmer Cotton Club, Valley Girl, Peggy Sue Got Married a Raising Arizona ze gesinn. Säin Duerchbroch hat hien um Enn vun den 1980er Jore mam Kaméidisfilm Moonstruck a mam David Lynch sengem Wild at Heart.
1996 huet den Nicholas Cage en Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll als Alkoholkranken am Film Leaving Las Vegas kritt.
An de Joren duerno haten The Rock, Con Air, Face/Off a Gone in Sixty Seconds, an deenen e matgespillt huet, gudde Succès am Box-office. 1998 hat hie mat der Meg Ryan d'Haaptroll a City of Angels, engem Remake vum Wim Wenders sengem Der Himmel über Berlin.
An den 2000er Jore war hien ë. a. an Adaption, National Treasure, Lord of War a World Trade Center ze gesinn.
Dem Cage gehéiert d'Produktiounsfirma Saturn Films, déi ë. a. Filmer dréint, an deenen hie matspillt.