Francis Ford Coppola
US-amerikanesche Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Francis Ford Coppola, gebuer de 7. Abrëll 1939 zu Detroit, ass en US-amerikanesche Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur.
Francis Ford Coppola | |
---|---|
Gebuer |
7. Abrëll 1939 Detroit |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
UCLA School of Theater, Film and Television, Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Schrëftsteller, Filmediteur, Delegéierte Produzent, Komponist, Wënzer, Schauspiller, Regisseur |
Partei | Democratic Party |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, WGA West |
Famill | |
Geschwëster | Talia Shire, August Coppola |
Kanner | Sofia Coppola, Roman Coppola |
Hien ass virun allem bekannt fir seng Godfather-Trilogie a fir de Vietnam-Eepos Apocalypsse Now (1979). Hie krut bis ewell am Ganze 5 Oscaren: fir dat bescht Dréibuch vu Patton, déi bescht Dréibuch-Adaptatioun vun The Godfather an The Godfather Part II, a fir dee leschtgenannten och nach dee fir déi bescht Regie an déi bescht Produktioun; an hien huet 2 Gëlle Palmen zu Cannes gewonnen (1974 fir The Conversation an 1979 fir Apocalypse Now).
Do dernieft huet hien awer och méi kommerziell Filmer gemaach, ë. a., well e Sue gebraucht huet fir säi Studio, de American Zoetrope ze finanzéieren, deen nom Flop vu sengem Film One from the Heart an d'Labrente gerode war.
De Coppola ass ausserdeem Wënzer, Editeur an Hotelier.
Hien ass de Papp vun de Regisseure Sofia a Roman Coppola, de Brudder vun der Schauspillerin Talia Shire, an de Monni vun de Schausppiller Nicolas Cage an Jason Schwartzman.