lëtzebuergesch Politikerin a Sportlerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nancy Arendt, gebuer den 22. Mee 1969 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV) an eng fréier Schwëmmerin, Liichtathleetin an Triathleetin.
Nancy Arendt | |
---|---|
Gebuer |
22. Mee 1969 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | University of Miami |
Aktivitéit | Politiker, Schwëmmer, Triathleet |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 2000, Olympesch Summerspiller 1988 |
Partei | CSV |
Vun 2008 bis 2014 war si Presidentin vun der Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage.
D'Nancy Arendt huet zweemol bei Olympesche Spiller matgemaach:
Virun deem gudde Resultat zu Sydney war si de 6. August 2000 beim Triathlon vum ITU World-Cup zu Tiszaujvaros an Ungarn op déi 7. Plaz komm.
1996 huet si d'Europäesch Coupe am Triathlon gewonnen.
D'Nancy Arendt war, als Member vun der CSV-Fraktioun, vum 23. Januar 1996 bis den 8. Juni 1999, an duerno vum 3. Juni 2003 bis de 5. Juni 2004, Deputéiert vum Bezierk Süden an der Chamber. Si ass dat och erëm zanter dem 3. August 2004.
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018[1] an deen vum 8. Oktober 2023[2] gouf si allkéiers erëmgewielt.
Virdrun | Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Danièle Kaber Danièle Kaber Raymonde Moes Anne Kremer |
1987 1989 1995 - 1996 - 1997 2000 |
Danièle Kaber Marion Hammang Anne Kremer Ni Xia Lian |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.