![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/bc/NGC_1502.png/640px-NGC_1502.png&w=640&q=50)
NGC 1502
Stärekoup / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den NGC 1502 ass en Oppene Stärekoup am Stärebild Camelopardalis. Den NGC 1502 huet eng Wénkelgréisst vun 20,0' an eng Visuell Magnitude vu 6,9 mag. Véier Stäre mat Hellegkeete vu 7 bis 8 mag sinn däitlech opfälleg O- a B-Stären. Si dominéieren ongeféier 45 weider Membere vum Koup.
Séier Fakten Stärebild, Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 ...
![]() Den oppene Stärekoup NGC 1502 | |
Stärebild |
Camelopardalis (Cam) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 04h 07m 50s |
Deklinatioun | + 62° 19,9'[1] |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | II 3 p[2] |
Visuell Magnitude | +6,9[1] mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | +7,47[1] mag |
Wénkelduerchmiesser | 20'[2] |
Physikalesch Donnéeën | |
Gehéiert zu | Mëllechstrooss |
Geschicht | |
Entdecker | F. W. Herschel |
Entdeckungsdatum | 1787 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
0403+622 | |
45 | |
GC | 802 |
H | VII-47 |
NGC | 1502 |
OCl | 383 |
Zoumaachen
Am Zentrum vum Stärekoup steet den optesche Duebelstär ADS 2984. Den Alter vum Stärekoup gëtt mat zéng Millioune Joer geschat. Den NGC 1502 ass ronn 3000 Liichtjoer vun eis ewech an nëmme sechs Liichtjoer grouss[3].
Den NGC 1502 gouf den 3. November 1787 vum däitsch-britteschen Astronomen Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.