From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Monique Smit-Thijs, gebuer an Holland,[1] ass eng hollännesch Lokalpolitikerin (DP) zu Lëtzebuerg. Si ass zënter 2022 d'Buergermeeschtesch vun der Gemeng Bartreng.
Monique Smit-Thijs | |
---|---|
Si koum 1984 op Lëtzebuerg an huet zwee Joer an der Stad Lëtzebuerg gewunnt, éier si 1986 op Bartreng geplënnert ass.[2]
Si ass bei de Gemengewalen 2005 politesch aktiv ginn, wou si op der liberaler Lëscht kandidéiert huet. Si gouf net gewielt mee ass den 1. Februar 2009 fir de Paul Geimer an de Gemengerot nogerutscht. Bei de Gemengewalen 2011 gouf si direkt gewielt, an 2017 krut si déi zweetmeescht Stëmmen op der DP-Lëscht an ass éischt Schäffin ginn.[3],[4] Wéi de Buergermeeschter Frank Colabianchi den 1. Mäerz 2022 zeréckgetrueden ass, huet d'Monique Smit-Thijs déi Roll iwwerholl.[5] D'Gemengewale vum 11. Juni 2023 hu si an hirem Amt confirméiert.[6]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.