Mona Lisa
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mona Lisa (it. a sp.: La Gioconda; fr.: La Joconde) ass en Uelegtableau vum Leonardo da Vinci, op dënnem Pëppelholz. D'Bild ass 76,8 x 53 cm grouss (ursprénglech war et méi breet; déi lénks a riets gemoolt Saile goufen ofgeschnidden) a gouf warscheinlech vum Fréijoer 1503 bis zum Summer 1505 gemoolt. Et hänkt haut am Louvre zu Paräis.
Méi Informatiounen Informatiounen ...
| ||||
---|---|---|---|---|
Informatiounen | ||||
Kënschtler | Leonardo da Vinci | |||
Joergang | 1503-1506 | |||
Artistesche Stil | Renaissance | |||
Technik | Ueleg | |||
Längt | 77 cm | |||
Héicht | 53 cm | |||
Plaz | Louvre | |||
Stad | Paräis | |||
Land | Frankräich |
Zoumaachen
D'Mona Lisa ass de Portrait vun enger jonker Fra mat geheimnisvollem Schmunzen, mat am Hannergrond enger wäiter an niwweleger Landschaft mat Bierger. De Flou am Bild ass charakteristesch fir d'Moltechnik vum Sfumato.