Musée du Louvre
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Musée du Louvre, am Palais vum Louvre ass 1793 als Musée Central des Arts opgaangen. De Musée huet eng Sammlung vun iwwer 36.000 ausgestallten Exponate vun der Antiquitéit bis zum Enn vum 19. Joerhonnert. Donieft lageren weider 500.000 Wierker an Archiven vum Musée.
Séier Fakten Land, Gemeng ...
Land | Frankräich |
---|---|
Gemeng |
Saint-Germain-l'Auxerrois, 1. Arrondissement vu Paräis |
Strooss | Rue de Rivoli |
Koordinaten | 48°51'40"N, 2°20'9"O |
Architekt(en) | Ieoh Ming Pei |
Datum vum Bau | 10. August 1793 |
Opgaangen | 10. August 1793 |
Zoumaachen
Déi fréier franséisch Kinneksresidenz Louvre ass haut de weltwäit gréisste Musée, deem seng Sammlungen nieft dem British Museum zu London an dem Muséesensembel op der Museumsinsel zu Berlin zu de weltwäit bedeitendste gehéieren.
D'Gebai steet am Zentrum vu Paräis tëscht dem rietse Seineufer an der rue de Rivoli. De Bannenhaff läit op enger Linn mat der Avenue des Champs-Élysées a bilt domat den Urspronk vum sougenannten Axe historique, der historescher Achs.