De Ministère fir sozial Sécherheet, (fr: Ministère de la sécurité sociale) war bis de 17. November 2023 en eegestännege Ministère zu Lëtzebuerg, dee sech drëm këmmert huet, fir de Bierger d'sozial Sécherheet ze garantéieren.
Ministère de la Sécurité sociale | |
---|---|
Ministère fir sozial Sécherheet | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Claude Haagen |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 26, rue Sainte-Zithe L-2763 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 1984 |
Opgeléist | 17. November 2023 |
Um Spaweck | https://mss.gouvernement.lu/ |
Mat der Regierung Frieden-Bettel gouf de Ministère de 17. November 2023 mat deem vun der Gesondheet zesummegeluecht.
Allgemenges
De Ministère këmmert sech ëm d'Risiken an d'Besoine vun de Bierger an de Beräicher vun der Krankheet, dem Alter, der Ofhängegkeet, der Invaliditéit an den Aarbechtsaccidenter.
Kompetenz vum Ministère
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert der Kompetenz vum Ministère fir sozial Sécherheet waren, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Generalinspektioun vun der sozialer Sécherheet,
- Medezinesche Kontrolldéngscht vun der sozialer Sécherheet,
- Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll vun der Fleegeversécherung,
- Zenter fir Sozialversécherungen,
- Gesondheetskeess,
- Onfallversécherung.
Historique vum Ministère
Iwwer d'Joren hat d'„sozial Sécherheet“ en eegestännege Ministère, war mat anerer Ressorte kombinéiert oder deels an anere Ministèren integréiert; virun 2023 huet de Ministère en z. B. Ministère de la sécurité sociale geheescht.
Kuckt och
- Regierung (Lëtzebuerg)
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Ministere fir sozial Sécherheet
Um Spaweck
Commons: Ministère de la Sécurité sociale – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
- Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.