From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mikroskop, op Laténgesch Microscopium ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Microscopium | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Mikroskop |
Laténgeschen Numm | Microscopium |
Laténgesche Geenitiv | Microscopii |
Laténgesch Ofkierzung | Mic |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 20h 27m bis 21h 28m |
Deklinatioun | -45° 05' bis -27° 27' |
Fläch | 210 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 45° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | Summer, nëmmen dee nërdlechen Deel |
Stäre mat Gréisst < 3m | keen |
Hellste Stär, Gréisst | γ Mic, 4,67m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Capricornus Sagittarius Indus Grus Piscis Austrinus |
D'Mikroskop ass een onschäinbart Stärebild südlech vum Capricornus. Et huet 15 Stäre vu 4. an 5. Gréissteklass, déi nach mat bloussem A gesi kënne ginn.
D'Stärebild gouf Mëtt vum 18. Joerhonnert vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille agefouert. Et schéngt, wéi wann de Lacaille d'Stärebild, fir déi eidel Plaz opzefëllen, tëscht dem Sagittarius an dem Grus agesat hätt.
B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
γ | 4,67m | 224 | G8 III | ||
ε | 4,71m | 165 | A0 V | ||
θ1 | 4,80m | 187 | A2p | ||
α | 4,89m | 381 | G8 III | ||
ι | 5,11m | 134 | F1 IV | ||
ν | 5,12m | 216 | K0 III | ||
HR 8076 | 5,20m | 354 | K2 III | ||
HR 8104 | 5,25m | 109 | F5 V | ||
ζ | 5,32m | 115 | F3 V | ||
HR 7987 | 5,34m | 412 | K2 III | ||
HR 8110 | 5,41m | 392 | K3 III | ||
HR 7893 | 5,47m | 239 | K1 III | ||
HR 7933 | 5,48m | 320 | B8 + B9V | ||
HR 8202 | 5,50m | 176 | Am | ||
δ | 5,69m | ||||
θ2 | 5,76m | ||||
β | 6,06m | ||||
AU | 8,8m | 33 |
Den γ Microscopii läit op enger Distanz vun 224 Liichtjoer vun eis ewech. Dem giele Stär seng Spektralklass ass G8 III an hien huet den 10fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
Stär | Gréisst | Typ | |
---|---|---|---|
AU | 8,8m | Eruptiv Verännerlechen |
Den AU Microscopii ass e rouden Zwergstär op enger kuerzer Distanz vun 33 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Seng Hellegkeet huet nëmmen 8,8m. De Stär, dee vun enger Stëbsscheif ëmkreest ass, weist heiansdo Hellegkeetsausbréch.
Commons: Microscopium – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.