Mauerquadrant
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Mauerquadrant ass en historescht astronomescht Instrument, mat deem genee Héichtewénkelen a Positioune vun Himmelskierper gemooss goufen. De Mauerquadrant war bis ongeféier 1800 am Gebrauch an ass de Virgänger vum Meridiankrees.
Am Géigesaz zu de klenge Quadranten, déi an der Hand gehale ginn oder op emgem Dräibeen opgestallt goufen, ass de Mauerquadrant fest op enger Nord-Süd orientéierter Mauer déi genee am Senkel steet, montéiert. Doduerch kënnen
- Stäre bei hirer Kulminatioun sécher erfaasst an och hir Duerchgangszäit genee gemooss ginn,
- déi stabil Opstellung erlaabt de Gebrauch vu Miessrefrakteren déi staark vergréisseren,
- wat d'Miessgenauegkeet erhéicht.
Déi prinzipiell Bauweis ass déi selwecht wéi beim klassesche Quadrant:
- e Véirelskrees (allerdéngs mat engem gréissere Radius), deen eng genee Kreesdeelung huet,
- d'Oflies-Virriichtung déi dozou gehéiert.
- eng Zilvirriichtung (bis zirka 1650 Viséier, duerno meeschtens e laangen Zilrefrakter)
- als kënschtlechen Horizont e Senkel, spéider eng Libell.