D'Martine Hansen, gebuer den 10. Dezember 1965 zu Wolz[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Si ass zanter dem 17. November 2023 Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an der Regierung Frieden-Bettel.[2]
Martine Hansen | |
---|---|
Gebuer |
10. Dezember 1965 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit Hohenheim |
Aktivitéit | Politiker, Agronom, Lycéesprofesser |
Partei | CSV |
Ausbildung
No hirer Première am Dikrecher Lycée huet d'Martine Hansen op der Universitéit Stuttgart-Hohenheim Agronomie studéiert, mat Spezialisatioun op d'sozial- a wirtschaftswëssenschaftlech Aspekter vun der Landwirtschaft. Vun 2005 un huet si iwwer en zweejärege Fernstudium e Master an der Gestioun vu Schoulen op der Universitéit Kaiserslautern gemaach.[1] Als Masteraarbecht huet si e Schoulentwécklungsplang fir Ettelbréck gemaach.
Beruff
D'Martine Hansen war vun 1993-2006 Professesch an der Akerbauschoul. Vun 2006 bis zu hirer Ernennung als Ministesch, 2013, war si Direktesch vun där Schoul.[1]
Politesch Ämter
Den 30. Abrëll 2013 gouf si als nei Ministesch an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir d'Recherche an d'Héichschoul.[3] Si huet d'Marie-Josée Jacobs ersat, déi demissionéiert hat, an en Deel vun den Dossiere vum François Biltgen iwwerholl, deen och als Minister opgehalen hat.[4] Déi Regierung gouf am Dezember 2013 derch d'Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf si an d'Chamber gewielt a bei deene vum 14. Oktober 2018[5] an deene vum 8. Oktober 2023 [6] erëmgewielt.
Si war vu Februar 2014[7] bis Januar 2019[8] Co-Vizepresidentin vun der CSV.
Vun Dezember 2018 bis November 2023 war si Fraktiounschefin vun der CSV an der Chamber.[9]
Zanter dem 17. November 2023, ass si an der Regierung Frieden-Bettel Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.[10]
Gielercher
- Grand-Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[11].
Literatur
- Revue Nr. 22 vum 29. Mee 2013, S. 14-19: Die Macherin
Um Spaweck
Commons: Martine Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Fiche "Martine Hansen" op gouvernement.lu, gekuckt 2013-05-06.
- Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
- "Martine Hansen a Marc Spautz sinn elo offiziell Minister." RTL.lu - 29.04.2013, 18:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2013, 14:13.
- "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
- (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- "CSV-Nationalkongress: Spautz neie Parteipresident, Zeimet bleift Generalsekretär." rtl.lu, 08.02.2014, 14:41:16.
- "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
- "Martine Hansen ist neue CSV-Fraktionschefin." wort.lu, 05.12.2018.
- Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.