lëtzebuergesch Lokalpolitikerin (CSV) From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Marion Zovilé-Braquet, gebuer ëm 1961[1], ass eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin (CSV) a Buergermeeschtesch vun der Gemeng Conter.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Marion Zovilé-Braquet | |
---|---|
Gebuer | 1960er |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Verwaltungsbeamten, Lokalpolitiker |
No de Gemengewale vun 2017 koum et zu Conter zu enger CSV-LSAP-Koalitioun an d'Marion Zovilé-Braquet ass zanterhier Buergermeeschtesch[2].
Si war Member am Verwaltungsrot vum CIGR Syrdall. Nodeems et Reprochen um finanzielle wéi um personelle Plang gouf, huet si sech fir d'Opklärung vun de Mëssstänn an der Beschäftegungsinitiativ agesat. Si huet den 9. Oktober 2019 matgedeelt, datt si Plainte géint Onbekannt a géint ee Collaborateur vum CIGR Syrdall deposéiert huet. Zu deem Ament huet d'Gemeng Conter och decidéiert, fir als Member aus dem CIGR Syrdall auszetrieden[3].
D'Marion Zovilé-Braquet schafft als administrativ Cheffin bei der Antidoppingagence. Si ass bestuet a Mamm vu véier Kanner[4].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.