lëtzebuergesch Molerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'(Marie-)Thérèse Glaesener-Hartmann, gebuer den 18. Abrëll 1858 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 19. Februar 1923, war eng lëtzebuergesch Molerin. Si war d'Duechter vum Architekt Antoine Hartmann. Si war warscheinlech déi éischt Lëtzebuergerin déi am Ausland Konscht studéiert huet. Hire Papp huet a senger Fräizäit Aquarelle gemoolt an huet bei sengem Meedchen den Interessi fir d'Molerei waakreg gemaach. Mat 19 Joer ass si op Düsseldorf Konscht studéiere gaangen. Well d'Fraen zu där Zäit nach net an de staatleche Konschtschoulen zougelooss waren, huet si Privatcourse beim Gustav Süs geholl, an zu München beim Moler Alexander von Liezen-Mayer. Duerno war si d'Schülerin vun de franséische Moler Auguste Carolus-Duran a Jean-Jacques Henner, déi en "Dammenatelier" fir Portraitsmolerei zu Paräis haten. Si ass virun allem fir hir Interieuren a Portraite bekannt.[1]
Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann | |
---|---|
Gemoolt vum Michael Emonds-Alt, 1903. | |
Gebuer |
18. Abrëll 1858 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
18. Februar 1923 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Mathias Glaesener |
Papp | Antoine Hartmann |
Scho wärend hirem Studium, huet si hir Biller zu Lëtzebuerg an der Fënster vum Geschäft vum Louis Segers ausgestallt.[2],[3],[4] Si huet vun 1894 bis 1912 am Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt.[5]
Zu Lëtzebuerg um Belair an zu Suessem am Quartier Belval-Sud goufe Stroossen, d'Rue Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann, resp. d'Rue Thérèse Glaesener-Hartmann, no der Molerin genannt.
Commons: Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.