D'Maria Teresa Mestre gebuer den 22. Mäerz 1956 zu Marianao an der Stad a Provënz Havanna op Kuba, ass d'Fra vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an huet den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".

Séier Fakten Titelen, Zäit ...
Maria Teresa Mestre
Thumb
Titelen
Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Zäit zanter dem 7. Oktober 2000
Biographie
Gebuer 22. Mäerz 1956
Marianao
Bestuet mat Henri vu Lëtzebuerg
Papp José Antonio Mestre
Mamm Maria Teresa Batista-Falla de Mestre
Kanner Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
Zoumaachen
Thumb
De Monogramm

Si ass d'Duechter vum José Antonio Mestre (1926-1993) an der Maria Teresa Batista-Falla de Mestre (1928-1988). Si huet mat hiren Elteren no der Kubanescher Revolutioun am Oktober 1959 d'Land verlooss a si sinn op New York geplënnert. E puer Joer duerno si se op Genf geplënnert, wou d'Maria Teresa 1975 hiert Abitur gemaach huet, an 1980 e Studium a Politikwëssenschaft ofgeschloss huet.

Hir Mammesprooch ass Spuenesch, si schwätzt nach Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch an Italieenesch.

Hire Mann, den Henri vu Lëtzebuerg, deen deemools Ierfgroussherzog war, huet si an der Zäit vun hirem Studium zu Genf kennegeléiert.

D'Koppel gouf de 14. Februar 1981 bestuet a si hu fënnef Kanner.

Zanter dem 7. Oktober 2000, dem Dag op deem den Henri vu Lëtzebuerg als Groussherzog vereedegt gouf, dréit si den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".

Kanner

Kandskanner

  • Gabriel (* 12. Mäerz 2006), Jong vum Prënz Louis an der Ex-Prinzessin Tessy
  • Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
  • Amalia (* 15. Juni 2014), Duechter vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire
  • Liam (* 28. November 2016), Jong vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire
  • Charles (* 10. Mee 2020), Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie

Éierefonctiounen

  • Zanter 1997 ass d'Maria Teresa UNESCO-Botschafterin vum gudde Wëllen.
  • Zanter Ufank 2005 ass si Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
  • Am September 2021 krut si vun der UNO den Titel Championne de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits.[1][2]

Kuckt och

Literatur

Um Spaweck

Commons: Maria Teresa Mestre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.