From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mango ass d'Fruucht vum Mangobam aus der Famill vun den Anacardiaceae.
De Mangobam kënnt aus dem Gebitt zwëscht Ost-Indien a Myanmar. Am 16. Joerhonnert ass en du vu den Araber an Afrika, a vun de Portugisen a Südamerika, haaptsächlech a Brasilien, agefouert ginn.
Haut gëtt d'Mango iwwerall do ugebaut, wou en tropescht Klima ass, ënner anerem a Süd-Asien, an Indien, an der Karibik, awer och an den USA an a Mexiko. An Europa ass Spuenien den Haaptproduzent; d'Mangobeem wuessen haaptsächlech op der Costa del Sol an op de Kanareschen Inselen.
De Mangobam ka bis zu 40 Meter héich ginn, a seng Kroun bis zu 10 Meter breet. En huet däischtergréng Blieder, eng däischterbrong Schuel a wäiss a rosa Bléien.
D'Mango hänkt u laange Stiller um Bam a weit bis zu 2 Kilogramm. Se huet eng dënn, glat Schuel, an dorënner e mëllt bis faserecht Fleesch, deemno wéi zeideg d'Uebst ass. D'Mango huet e grousse platte Kär an dacks eng giel, heiansdo eng gréng oder rout Faarf.
Commons: Mangifera indica – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.