Majuskel
Groussbuschtawe / From Wikipedia, the free encyclopedia
Majuskel (Plural Majuskelen, ‚eppes méi grouss‘) ass an der Typographie e Fachbegrëff fir d'Groussbuschtawe vum Alphabet a gläichzäiteg eng Auszeechnungsart fir Buschtawe. E Schrëftsaz aus Majuskelen ass eng Majuskelschrëft resp eng Kapitalschrëft[1],[2].
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/40/Arch.of.Titus-Inscription.jpg/640px-Arch.of.Titus-Inscription.jpg)
De synonyme Gebrauch vun der Bezeechnung Versalbuschtawen oder Versal (Pl. Versalien) ass gängeg Dréckersprooch, awer etymologesch gesinn ongenee. Versal ass vum laténgesche versus‚ Zeil, Ofsaz, ofgeleet a bezeechent eigentlech déi grouss, an alen Handschrëften a fréieren Dréck dacks bemoolten Ufanksbuschtawen (Initialen) vun Ofsätz a Verszeilen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/51/Cap_min.jpg/320px-Cap_min.jpg)