Gebai vun der Uni Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maison du Savoir ass zanter September 2015 dat neit Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg, am Universitéitsquartier um Belval, zu Esch-Uelzecht, an domat d'Häerzstéck vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation.
D'Maison du savoir | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Esch Uelzecht, Belval |
Adress | Place de l'Université |
Koordinaten | 49° 30’ 15.6’’ N 5° 56’ 56.2’’ E |
Architekt(en) | Baumschlager & Eberle - Christain Bauer & Associés |
Datum vum Bau | 2009-2015 |
Et gouf vun den Architektebüroe Baumschlager & Eberle - Christain Bauer & Associés, déi am Mee 2007 e Concours gewonnen haten, entworf. De Grondstee gouf den 21. September 2009 geluecht[1] an de Réibau war Enn Januar 2013 fäerdeg[2]. Am Hierscht 2014 huet den Entreprener d'Schlësselen iwwerginn. Am Summer 2015 gouf erageplënnert. Den 22. September 2015 gouf et vum Groussherzog Henri, a Presenz vum Premierminister Xavier Bettel, de Ministere Bausch a Meisch an dem Staatssekretär Hansen, zesumme mat der Maison des sciences humaines an der Maison de l'innovation, ageweit.[3]
D'Gebai besteet aus engem 83,8 m / 18 Stäck héijen Tuerm, deen tëscht dem 3. a 5. Stack vun enger 140 m laanger a 40 m breeder Queesch-"Barre" ëmginn ass, déi op hiren Extremitéiten ofgestäipt ass.
Am Tuerm ass d'Rektorat an d'Verwaltung ënnerbruecht, am Queeschgebai, um 3.-5. Stack, sinn Unterrechts- a Seminarraim mat jee 20-50 Plazen an Auditoirë mat jee 60-240 Plazen. An de Sous-sole sinn Openthaltsraim an e Groussen Auditoire mat 750 Plazen amenagéiert, souwéi eng 500 ënnerierdesch Parkplazen.
D'Gebai ass ugeluecht fir bis zu 5.200 Persounen, Studenten a Personal Plaz ze bidden.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.