From Wikipedia, the free encyclopedia
Maison des sciences humaines ass den Numm vun engem Gebai um Belval, am Universitéitsquartier, op der Héichuewenterrass, nërdlech vum RBC Investor Services-Gebai. Et ass en Deel vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation a bitt zënter dem September 2015 de Geeschtes-, Konscht- an Erzéiungswëssenschaftlech Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg, sou wéi och dem CEPS/INSTEAD (Centre d'études de population, de pauvreté et de politiques socio-économiques) en Ënnerdaach.
2016 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Esch Uelzecht, Belval |
Koordinaten | 49° 30’ 15.3’’ N 5° 56’ 49.2’’ E |
Architekt(en) | Tatiana Fabeck Architecte, ABSCIS ontwerpgroep |
Datum vum Bau | 2010-2013 |
D'Gebai huet eng 25.000 m² Notzfläch. Nieft Seminarraim, Büroe fir d'Enseignanten a fir d'Verwaltung sinn ë. a. och Wunnengen a Verkafsflächen am Gebai virgesinn. An enger spéiderer Bauphas komme laanscht déi westlech Säit eng 4 kleng Tierm bäi.
Architekte vum Projet waren Tatiana Fabeck Architecte an ABSCIS ontwerpgroep.
D'Gesetz fir de Bau gouf am November 2009 an der Chamber gestëmmt. Den 19. November 2010 gouf de Grondstee geluecht.[1] Enn 2013 war de Réibau fäerdeg, mä well et Verspéidunge mam Finanzement vun de Bannenariichtungen an -infrastrukture gouf, konnt d'Fakultéit eréischt 2015 vu Walfer op Belval plënneren, an net, wéi virdru geplangt, fir de Schoulufank 2014.[2]
Den 22. September 2015 gouf d'Gebai vum Groussherzog Henri, a Presenz vum Premierminister Xavier Bettel, de Ministere Bausch a Meisch an dem Staatssekretär Hansen, zesumme mat der Maison du savoir an der Maison de l'innovation, ageweit.[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.