Planzenaart bannent der Famill vun de Séissgrieser (Poaceae) From Wikipedia, the free encyclopedia
Mais (Zea mays) ass eng Planzenaart bannent der Famill vun de Séissgrieser (Poaceae). Si kënnt ursprénglech aus Mexiko.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Planzenaart Mais. Fir d'Déieregattung, kuckt wgl. Mais (Gattung). |
Mais | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Commelinidae |
Uerdnung | Poales |
Famill | Séissgrieser (Poaceae) |
Gattung | Zea |
Aart | Mais |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Zea mays | |
L. | |
D'Ënneraart Zea mays subsp. mays ass déi, déi ekonomesch déi gréisste Roll spillt. All Joers gi weltwäit 170 Milliounen Hektar (24 % vun der Ubaufläch vu Fruucht iwwer 850 Milliounen Tonnen (34 % vun der Fruuchtproduktioun) Mais rekoltéiert. Mais gëtt virun allem als Fudderplanz benotzt. Mä Mais ass och (besonnesch a Latäinamerika an an Afrika) e Liewensmëttel an eng Energieplanz, virun allem an Industrielänner. Maissteif ass e Liewenssmëttel, Ausgangsprodukt fir Bioplastik, an e Réistoff fir d'Fermentatioun.
Mais gëtt zu Lëtzebuerg praktesch nëmmen als Fudderplanz ugebaut. Tëscht 1990 an 2011 ass d'Ubaufläch fir Sillage-Mais kontinuéierlech an d'Luucht gaangen, vu 7.473 Hektar (ha) am Joer 1990 iwwer 10.799 ha am Joer 2000 op 13.121 ha 2011. Zousätzlech gouf 2011 nach op 300 Hektar Mais ugebaut, vun deem d'Käre rekoltéiert goufen.[1] D'Produktioun vu Sillage-Mais louch 2011 bei 169.786 Tonnen. Dat selwecht Joer goufen ausserdeem 2.334 Tonne Maiskäre rekoltéiert.[1].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.