Magmatescht Gestengs
From Wikipedia, the free encyclopedia
Magmatescht Gestengs ass Gestengs, dat duerch Erhäerde beim Ofkille vu Magma entstanen ass. D'Magmatitte sinn nieft dem Sedimentgestengs (Sedimentitten) an de Metamorphitten eng vun dräi Gestengshaaptgruppen. D'Struktur vum Gestengs, dat entsteet, ass vun en ettleche Faktoren ofhängeg:
- Opschmëlzgrad (kuckt och Anatexis)
- Struktur vum Ausgangsgestengs (Protolith)
- Enger méiglecher cheemescher Ugläichung (Assimilatioun) un d'Niewegestengs wärend dem Magmaopstig
- Dem Grad vun der magmatescher Differentiatioun wärend dem Magmaopstig, souwéi dem Drock-Temperatur-„Pad“ wärend dem Opstig