From Wikipedia, the free encyclopedia
Sedimenter a Sedimentgestengs entstinn duerch d'Oflagerung (Sedimentatioun) vu Material u Land, a Flëss, a Séien an am Mier. Hinne géintiwwer steet d'magmatescht Gestengs, dat duerch d'Kalgi vu flëssegem Gestengs entstanen ass; sief et bannen an der Äerd (plutonescht Gestengs wéi z. B. Granit), sief et op der Äerduerwerfläch (vulkanescht Gestengs oder Eruptivgestengs wéi z. B. Basalt).
Je nodeem kënne Sedimenter labber sinn, oder awer zu Steng kompaktéiert.
Sedimenter a Sedimentgestengs, ginn, hirem Ursprong no, agedeelt a klastesch, biogen a cheemesch Sedimenter a Réckstandsgestengs.
Sedimentssteng sinn déi eenzeg Steng, an deene Fossilie sinn. D'Konsistenz an d'Zesummesetzung vu Sedimenter hänkt vun den direkten Awierkunge vun der Äerdatmosphär, der Hydrosphär an der Biosphär, deemno de Konditiounen of, wéi s'entstane sinn. Well déi mat der Zäit änneren (duerch Ëmweltaflëss o. a.) ännere sech och d'Sedimentsloen. Sou kann een haut spezifesch Periode bestëmmen, an deene Sedimenter mat verschiddene Proprietéiten (oder Fossilien, déi dran ze fanne sinn), entstane sinn. Déi nennt ee sedimentär Fazies.
All Gestengs zu Lëtzebuerg ass Sedimentgestengs.
Commons: Sedimentgestengs – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.