![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e6/2021_MTV_Video_Music_Awards.svg/langlb-640px-2021_MTV_Video_Music_Awards.svg.png&w=640&q=50)
MTV Video Music Awards
Musekauszeechnung / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'MTV Video Music Awards, dacks als VMAs gekierzt, sinn eng Museksauszeechnung, mat där den Televisiounssender MTV de beschte Museksvideo an déi bescht Kënschtler vum Joer éiert.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e6/2021_MTV_Video_Music_Awards.svg/640px-2021_MTV_Video_Music_Awards.svg.png)
D'VMAs gëtt et zënter 1984. All Joer am August oder September gëtt eng Präiszeremonie an den USA organiséiert.
D'Präisstatu stellt en Astronaut um Mound duer a gëtt "moonman" oder "moon person" genannt.[1][2]
Zënter 2006 ginn d'Gewënner an alle Kategorie vum Public iwwer dem MTV seng Websäit bestëmmt. Do virdru gouf dat vun enger Jury gemaach.
Fir den europäesche Kontinent gëtt et donieft d'MTV Europe Music Awards.