From Wikipedia, the free encyclopedia
Méischdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech. Fir d'Uertschaft mat engem änlechen Numm an der Gemeng Bettenduerf, kuckt wgl. Méischtref. |
Méischdref | |
---|---|
An der Olek zu Méischdref | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Moersdorf de: Mörsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Rouspert-Mompech |
Buergermeeschter | Stéphanie Weydert |
Awunner | 408[1] |
1.1.2019 | |
Héicht | 159 m |
Koordinaten |
49° 44’ 44’’ N 06° 30’ 02’’ O |
Méischdref läit tëscht Bur a Waasserbëlleg um rietsen Uwänner vun der Sauer, op enger duerchschnëttlecher Héicht vun 170 m (NG-L). Duerch Méischdref geet d'Nationalstrooss 10 an den CR135. Zu Méischdref leeft d'Kauzebaach, déi vu Giwenech aus den Hang erof kënnt, an d'Sauer.
Bis un d'Enn vum 20. Joerhonnert war eng Steekaul an der Uertschaft.
Archeologesch Fonntsaache weisen, datt do schonn an der Kelten-, resp. Frankenzäit Leit gewunnt hunn.[2]
Méischdref gouf als Mersdorph am 13. Joerhonnert eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt. Deemools (a bis zu der Franséischer Revolutioun) huet et zu der Tréierer Abtei St. Maximin gehéiert, an och d'Abtei Iechternach hat do Besëtz. 1248 ass vu Murstorff rieds, an op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 steet d'Duerf als Merscdorf.
Commons: Méischdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.