Lëtzeburger Patriote Liga
Resistenz-Organisatioun zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzeburger Patriote Liga (LPL), war eng Resistenz-Organisatioun zu Lëtzebuerg géint déi däitsch Besatzung am Zweete Weltkrich.
Si gouf de 4. September 1940 zu Iechternach vum Student Raymond Petit gegrënnt an huet sech dunn iwwer d'ganzt Land verbreet. Eng vun hiren Haaptaktivitéite war d'Verbreedung vu Fluchziedele bei der Persounestandsopnam am Oktober 1941. Si huet sech och um Opruff zum Streik vun 1942 géint d' Aféierung vun der Wehrpflicht bedeelegt.