Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
staatleche Kulturinstitut / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, offiziell: Nationalbibliothéik Lëtzebuerg, op Franséisch: Bibliothèque nationale du Luxembourg, ofgekierzt BNL, ass eng ëffentlech Bibliothéik, déi zanter Oktober 2019 hire Sëtz um Kierchbierg, an der Avenue Kennedy huet. Et ass eng wëssenschaftlech Bibliothéik mat enzyklopedeschem Usproch. D'Bicher kënnen zum Deel ausgeléint ginn, fir mat heem ze huelen, zum Deel musse s'op der Plaz gelies ginn.
Lëtzebuerger Nationalbibliothéik | |
---|---|
BNL | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Kultur |
Leedung | Claude Dario Conter |
Adress | Avenue John.-F. Kennedy |
Ënnersteet der/dem | Ministère de la Culture |
Gegrënnt | 1899 |
Um Spaweck | http://bnl.public.lu |
Hir Aufgabe goufe fir d'lescht duerch e Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Kulturinstituter vum Staat definéiert.
D'Nationalbibliothéik bitt, nieft deene schonn ernimmten, nach eng ganz Rëtsch aner Servicer un: s'ass ugeschloss um System vum Prêt international, se geréiert d'ISBN-Nummere fir Lëtzebuerg, organiséiert Ausstellungen, gëtt d'Nationalbibliographie eraus, ënnerhält den informatiséierte Katalog vu bibliographesche Referenze vun de Publikatiounen aus hirem Bestand an deem vun anere Bibliothéiken zu Lëtzebuerg, a mécht op hirem Internetsite no an no ëmmer méi eeler Zäitschrëften a Publikatiounen elektronesch zougänglech. Sou gouf z. B. am Mee 2009 eLuxemburgensia virgestallt, e Webportal, iwwer dat eng 60 Zeitungen an Zäitschrëften, dorënner sämtlech Nummere vum Tageblatt vun 1913-1950 a vum Luxemburger Wort vun 1848-1980, souwéi Bicher, Postkaarten asw. online consultéiert kënne ginn[1].
Si ass zanter 1958 Depositär vum Dépôt légal zu Lëtzebuerg.
D'Nationalbibliothéik hat 2007 e Fong vu ronn 750.000 Bicher an enger 3.500 Zäitschrëften. Am Joer 2019 waren et 1,8 Millioune gedréckt Medien a 641.000 e-Books[2]. Dat eelst Dokument an hirem Besëtz ass en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8. Joerhonnert, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut[3].
2018 goufe ronn 80.000 Visiteuren an der Nationalbibliothéik gezielt. Et goufen eng 84.000 Bicher an Dokumenter ausgeléint, ronn 22.000 Leit hunn en Abonnement vun der Bibliothéik[4]. An der Bibliothéik schaffen eng ronn 90 Vollzäit-Mataarbechter[2].
2022 hat d'BNL 91.138 Visiteuren, bei 36.826 ageschriwwene Benotzer. Ronn 140 Mataarbechter schaffen an der Bibliothéik. Nieft dem physesche Fong huet d'BNL zu deem Zäitpunkt Zougank zu 67.757 elektroneschen Zäitschrëften a 784.677 digitalen E-Books ugebueden. An hirem Web-Archiv waren 4,5 Milliarden Dokumenter gespäichert.[5]