Lëscht vun onbemannte Raumfaartmissiounen
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Et gëtt tëscht zwou Aarte vun onbemannte Raumfaartmissiounen ënnerscheet, de Raumsonden an den Äerdsatellitten.
Wichtegen Ënnerscheed ass d'Vitess vun 11,2 km/s, déi eng Raumsond muss hunn, fir d'Schwéierfeld vun der Äerd ze verloossen an zum Beispill op de Mars fléien ze kënnen (Fluchtvitess). Wann d'Fluchtvitess net erreecht gëtt, da bleift d'Raumsond am Schwéierfeld vun der Äerd a gëtt dann entweeder e kënschtleche Satellit oder fält op d'Äerd zeréck. Donieft ginn och Raumfluchkierper, déi aus dem Schwéierfeld vun der Äerd an dat vum Äerdmound wiesselen, als Raumsond bezeechent. Fir d'Verloosse vun eisem Sonnesystems (z. B. Voyager 1) ass eng Fluchtvitess vun ongeféier 42 km/s néideg.
Och Raumfluchkierper, ouni Rücksicht op d'Missiounsspezifikatiounen, an engem Halo-Orbit an engem vun de Lagrange-Punkten L1 an L2 ginn zu de Raumsonde gezielt, well déi Sonden net méi an enger Ëmlafbunn ëm d'Äerd sinn.