geplangt Linn vum Stater Tram From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Linn Fluchhafen - Bieles ass eng geplangt Linn vum Stater Tram, déi 2028 op engem éischten Deel a bis 2035 op der ganzer Streck opgoe soll. Op Basis vun der Tram-Reseauskaart am Nationale Mobilitéitsplang 2035 gëtt se och nach als Mof Linn bezeechent.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat ë. a. dem Projet vun enger Tramslinn tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Minett. Fir den Tram deen tëscht 1927 an 1956 am Minett gefuer ass, kuckt wgl. Minettstram. |
Fluchhafen - Bieles | |
---|---|
vu(n) | Aéroport Findel |
op | Belvaux-Mairie |
iwwer | Sennengerbierg, Lëtzebuerg, Leideleng, Steebrécken, Féiz, Esch-Uelzecht, Belval, Bieles |
opgaang | 2028 |
Wa se bis ganz fäerdeg ass, geet d'Linn vun der Halt Findel Aéroport iwwer de Kierchbierg an d'Uewerstad bis op d'Cloche d'or a virun iwwer Leideleng, Féiz, Esch-Uelzecht bis bei d'Suessemer Märei zu Bieles.
D'Linn besteet aus zwéin Haaptdeeler, engersäits der méi urbaner Streck vum Fluchhafe queesch duerch d'Stad an anersäits dem Deel tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Minettsgéigend, op deem plazeweis eng méi héich Vitess gefuer ka ginn.
Vum Fluchhafen aus geet et iwwer den Héienhaff op de Kierchbierg, iwwer déi Streck déi vun 2024 u vun der Linn T1 bedéngt gëtt. Den Tram kann op där Streck mat bis zu 70 km/h fueren an e brauch dofir ronn 7 Minutten.
Wann déi Mof Linn bis op ass, fält den Deel Fluchhafen - Kierchbierg op der Linn T1 ewech[1].
Vun der Luxexpo aus leeft d'Linn um nërdlechen Deel vum Kierchbierg, iwwer den Tracé vun der Gieler Linn via Circuit de la Foire internationale - Boulevard Pierre Frieden an de Flouer Op der Schleed an da virun iwwer de Boulevard Konrad Adenauer an d'Rout Bréck bis op d'Héicht vum Groussen Theater beim Rond-point Schuman.
Vum Groussen Theater aus geet et parallel mat der Gieler Linn virun iwwer d'Neipuertsgaass - Hamilius - Gare centrale bis op d'Halt Hollerech, déi um Site vum fréiere Gebai vun de Sozialversécherungen, kuerz virun der Escher Strooss geplangt ass.
D'Linn leeft vum Groussen Theater aus parallel mat der haiteger Linn T1 weider bis op d'Stäreplaz, an dann iwwer eng Neibaustreck virun iwwer de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an d'Escher Strooss bis op d'Halt Hollerech.
Iwwer eng nei Streck leeft d'Linn vun Hollerech a südlecher Richtung de Gaasperecher Bierg erop, bis op d'Halt Stadion. Op deem Deel sinn dräi Statioune geplangt.
De Projet vun enger Tramslinn tëscht der Stad Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht, méi genee, bis bei d'Stadhaus vun der Gemeng Suessem zu Bieles, gouf den 20. September 2020 vum Mobilitéitsminister François Bausch virgestallt[2],[3].
Et handelt sech ëm e „séieren Tram“, dee vun der Cloche d'or iwwer Leideleng a Féiz, gréisstendeels laanscht d'Autobunn A4, bis an de Quartier Metzeschmelz, dee bis dohin um Terrain vun der fréierer Arbed Schëffleng amenagéiert soll ginn, féiere soll. Vun do soll et no 2032 iwwer Lalleng an d'Quartiere Bruch a Rämerech zu Esch bis op de Belval, an da bis bei d'Stadhaus zu Bieles goen. Dat éischt Deelstéck kéint bis 2032 Realitéit sinn, dat zweet bis 2035(Stand: 2023)[4]. Am Ganze soll d'Streck tëscht der Stad an dem Terminus am Minett knapp 19 Kilometer laang ginn; d'Héchstvitess laanscht d'Autobunn soll 100 km/h sinn, sou datt d'Streck Cloche d'or - Metzeschmelz an 13 bis 14 Minutten ze packe wier.
Des weidere komme 5 nei Pôle-d'échangen dobäi, eng Wëldbréck an eng 20 Upassungen um Stroossennetz (Op- an Offaarte vun der Autobunn, asw.). Och e Vëlosexpresswee soll op der ganzer Längt derlaanscht goen[5].
Am Projet, deen am September 2020 virgestallt gouf, sinn 13 Halte virgesinn: Leideleng, Féiz, Pôle d'échange Monkeler, Quartier Alzette, Lalleng, Lankelz, Benelux, Quartier Bruch, Rämerech, Universitéit, Belval-Lycée, Belval-Süd a Bieles-Märei.
Vun der Halt Stadion aus leeft déi nei Streck laanscht d'N4 a südwestlecher Richtung bis hannert den Autobunnsverdeeler Leideleng-Nord, wou d'Tramsstreck op d'A4 stéisst. Op där Plaz gëtt d'Statioun Leideleng gebaut, vu wou aus eng Ënnerféierung fir d'aktiv Mobilitéit ënnert der Autobunn erduerch a Richtung vun den Industriezonen (ZA Poudrerie, ZA Am Bann) féiert[6]. Bei der Tramsstatioun ass och eng kleng Busgare virgesinn, fir datt vun do aus lokal Buslinnen d'Ëmgéigend ufuere kënnen[7].
D'Streck fir de sougenannten „séieren Tram“ fänkt dann zu Leideleng un a leeft iwwer 7,3 km bis bei d'nächst Statioun zu Féiz.
D'Tramsstreck leeft ëstlech vun der A4, laanscht de Verdeeler Leideleng-Süd an deelweis iwwer den CR169, deen herno fir den Autostrafick net méi duerchgoend ze befueren ass, queesch iwwert d'Dräikantonsstrooss zu Steebrécken bis op Féiz, wou eng Statioun iwwer dem CR164 gebaut gëtt.
Zu Féiz fiert den Tram dann nees als urbanen Tram virun a Richtung Esch, bis op d'Statioun Monkeler, hannert dem Autobunnskräiz A4 / A13. Duerno dréint d'Streck no Südosten a leeft an engem Bou an den nei geplangte Quartier Alzette (Metzeschmelz). All zweeten Tram (all véierel Stonn) fiert da virun iwwer de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (N4C), d'Benelux-Plaz an d'Bielesser Strooss (Quartier Bruch) op Rämerech. Vun do aus geet et fir d'éischt a Richtung Weste weider bis virun d'Liaison Micheville. D'Streck dréint dann nees no Süde bis bei de Pôle d'échange Universitéit, wou en Uschloss un de geplangten „séiere Bus“[8] (BHNS, bus à haut niveau de service) a Richtung vun der franséischer Grenzregioun besteet.
Vun der Uni aus leeft den Tracé weider iwwer de Boulevard du Jazz, nërdlech laanscht de Lycée Bel-Val an dann an nordwestlecher Richtung iwwer d'Statioun Belval-Süd bis op den Terminus bei der Märei vu Suessem.
Fir d'Exploitatioun vun der Linn si Ramme virgesinn, déi deene gläichen, déi haut schonn am Asaz sinn. Se ginn awer méi laang (56 amplaz 45 m.), kréien eng Capacitéit vun 320 Persounen (amplaz 300), awer déi duebel Zuel u Sëtzplazen (150 amplaz 76)[10].
De Budget fir d'Infrastrukturaarbechten (Tramsstreck mat 12 – 15 Statiounen, 10 Brécken an de Vëlosexpresswee) gëtt op 840 Milliounen Euro geschat. Dobäi kommen dann nach geschat 120 Millioune fir 24 laang Rammen à 56 m.[11]
Luxtram no soll (Stand: Juli 2024) déi nei Linn 2028 bis op Leideleng fueren, an 2030 bis op Féiz.[12]
En Tramsschapp ass entweeder op der Cloche d'or, westlech vum P+R Stade de Luxembourg oder am Beräich Rämerech virgesinn[13].
Commons: Luxtram-Linn Fluchhafen - Bieles – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.