From Wikipedia, the free encyclopedia
De Letzeburger Freihétsbond (LFB) ass eng Beweegung, déi am Zweete Weltkrich am Neiduerf an der Stad gegrënnt gouf an am Raum Diddeleng desertéiert lëtzebuergesch Zwangsrekrutéierte verstoppt huet. Den LFB ass géint d'Enn vum Krich der Unio'n beigetratt.
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Paul Dostert datéiert d'Grënnung am Neiduerf vum LFB, deen hie "Lëtzebuerger Fräiheets-Bewegung" nennt, op de Februar 1940, a schreift och vun enger 2. LFB "Lëtzebuerger Fräiheets-Bewegong" déi sech Enn Dezember 1940 zu Rëmeleng konstituéiert, an nach vun enger 3. Grupp LFB "Lëtzebuerger Fräiheetsbond" déi Ufank 1941 zu Diddeleng zesummekënnt.[1]
Op der Commemoratiounsplack am Neiduerf gëtt als Grënnungsdatum den 12. Mäerz 1940 genannt, also egal wéi huet dës Widderstandsorganisatioun sech scho Méint virum Iwwerfall vun der Wehrmacht op Lëtzebuerg, zesummefonnt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.