![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/79/Esch%252C_cimeti%25C3%25A8re_Lallange_%2528103%2529.jpg/640px-Esch%252C_cimeti%25C3%25A8re_Lallange_%2528103%2529.jpg&w=640&q=50)
Lallenger Kierfecht
Kierfecht an der Stad Esch-Uelzecht / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lallenger Kierfecht (offiziell Cimetière de Lallange) läit am Quartier Lalleng vun Esch-Uelzecht an ass ee vun den dräi Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Espaces verts vun der Escher Gemeng falen. Mat eppes méi wéi 20 ha ass et de gréisste Kierfecht an der Stad. Den 10. Mee 1932 gouf e vun den 3 Paschtéier vun Esch ageweit[1].
Séier Fakten Land, Gemeng ...
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Uertschaft | Lalleng |
Adress | rue de Mondercange / boulevard Pierre Dupong |
Fläch | 20,1127 ha |
Koordinaten |
49° 30’ 47.23’’ N 05° 59’ 26.80’’ O |
![]() |
Zoumaachen
Um Lallenger Kierfecht gëtt et eng speziell Sektioun fir déi jiddesch an eng fir déi muslimesch Communautéit. Et gëtt och e speziellen Deel fir Kanner déi bei der Gebuert oder kuerz duerno gestuerwe sinn.