From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Héichvitess-Linn (LGV Bréissel-Köln) ass eng Héichvitessstreck vun der SNCB zesumme mat der DB fir Héichvitesszich vu Bréissel aus un dat däitscht ICE-Netz unzebannen, fir eng direkt Verbindung tëscht de franséischen, de belschen, den hollänneschen an den däitsche Linnen ze garantéieren. Dat gouf virdru mat ICE- an Thalysverbindunge gemaach, déi awer deelweis op traditionelle Strecke gefuer sinn.
Mat dem Projet, fir deen 1.810.000.000 Euro virgesi waren, gouf 1997 ugefaangen. Kardinolpunkten op der Streck an der Belsch sinn: Bréissel, Léiwen, Léck, Hauset a Welkenraedt.
D'Streck huet eng total Längt vun 139 km, dovu sinn 89 km op enger komplett neier Streck (Linnen 2 an 3), a 50 km op ale Strecken, déi moderniséiert goufen. Si ass ausgeluecht fir Vitesse bis 300 km an der Stonn.
Commons: HSL 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.