Kuwait Towers
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kuwait Towers (op Arabesch: أبراج الكويت – Abraj l'Kuwait) sinn eng Grupp vun 3 Tierm aus arméiertem Bëtong zu Kuwait City, déi direkt beim Persesche Golf stinn. Den Haapttuerm ass 187 m héich an huet zwou Bullen. Déi ënnescht ass méi déck an ass bis an d'Hallschecht e Waasserreservoir fir 4.500 m³ Waasser. Do driwwer ass e Restaurant fir 90 Leit amenagéiert, mat Café, Lounge a Rezeptiounshall. Déi iewescht Bull, déi 123 m iwwer dem Mier ass, ass méi kleng. An hir ass e Bistro, deen all hallef Stonn en Tour ronderëm sech selwer dréint.
Deen zweeten Tuerm ass 147 m héich; seng Bull, déi och 4.500 Meterkibb faasse kann, déngt just als Waassertuerm. Deen drëtten ass just fir schéin ze maachen; an him sinn ë. a. Luuchten installéiert, déi déi aner zwéin Tierm beliichten.
D'Bulle si mat enger 41.000 emailléierte stole Scheiwe bedeckt, déi an aacht Téin tëscht blo, gro a gréng getéint sinn, an an engem spiralfërmege Muster ubruecht sinn.
D'Kuwait Towers goufen offiziell am Mäerz 1979 ageweit a symboliséieren de moderne Kuwait.
Si sinn Deel vun engem System vun am Ganzen 33 Waassertierm, a goufen an engem opfälleg anere Stil gebaut wéi déi aner 5 Tuermgruppen. D'Architekte waren d'Malene Bjørn an de Sune Lindström, Ingenieur war de Lennart Gerte. Déi schweedesch VBB (1997 a Sweco ëmgenannt) bedreift de Waasserdistributiounssystem.