Ksenija Anatoljewna Sobtschak
russesch Televisiounsmoderatorin a Radiospeakerin, Journalistin, Schauspillerin a Politikerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ksenija (Xenija) Anatoljewna Sobtschak (op Russesch: Ксения Анатольевна Собчак), gebuer de 5. November 1981 zu Leningrad (haut Sankt Péitersbuerg), ass eng russesch Tëleesmoderatorin a Radiosspeakerin, Journalistin, Filmschauspillerin[1][2] a Politikerin (GRANI).[3],[4]
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ksenija Anatoljewna Sobtschak | |
---|---|
Gebuer |
5. November 1981 Sankt Péitersbuerg |
Nationalitéit | Russland, Israel |
Educatioun | Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Politiker, Promi, Mannequin, Televisiounsmoderateur, Radiosspeaker, Journalist, Persoun vum ëffentleche Liewen, Schrëftsteller |
Partei | Biergerinitiativ |
Member vun | Russeschen Oppositiouns-Koordinatiounsrot |
Famill | |
Papp | Anatoli Alexandrowitsch Sobtschak |
An den 2000er Jore war si bekannt als beléift Tëleesmoderatorin,[1] ënner anerem vun 2004 bis 2012 huet d'Ksenija skandaléis Reality-Show "Dom-2" moderéiert.[5] Si hat den Image als Socialite a "Moskauer Paris Hilton", awer war si spéider op Oppositiounsjournalismus ausgeriicht.[1] Si ass eng Presentatrice am Televisiounssender "Dojd" an an der Radiostantioun "Serebrjany dojd".[2]
Si war eng vu Kandidaten fir déi russesch Presidentschaft 2018;[3],[6],[7] bei de Walen huet si ronn 1,67% vun de Votten (4. Plaz) kritt.[8] D'Sobtschak war déi eenzeg Fra bei de Kandidaten.[9] Als Politikerin, ass si bekannt mat hirer liberaler,[10],[11] antistalinistescher[12],[13],[14],[15] Positioun. Si huet déi antiputinistesch Sanktiounen iwwer d'Ukrain-Kris gefërdert.[16],[17]
D'Ksenija Sobtschak ass d'Duechter vum fréiere Péitersbuerger Buergermeeschter Anatoli Sobtschak a vun der Senateurin Ljudmila Narussowa.[1] Si ass mam Schauspiller Maxim Witorgan bestuet, a se hunn ee Jong.[18]