![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/40/Luxembourg%252C_P%25C3%25A9iter_Onrou_%2528100%2529.jpg/640px-Luxembourg%252C_P%25C3%25A9iter_Onrou_%2528100%2529.jpg&w=640&q=50)
Péiter Onrou
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Péiter Onrou ass eng liewensgrouss Statu, déi an enger Grott am Crispinusfiels[1] am Eecher Bierg, an der Stad läit. Vun der Kräizung Eecher Bierg / Rue des Glacis féiert eng Trap biergop bei d'Grott an da weider bis an de Boulevard Paul Eyschen.
Séier Fakten Péiter Onrou, och: Beim groussen Härgott, An anere Sproochen ...
Péiter Onrou, och: Beim groussen Härgott | |
---|---|
![]() D'Grott vum Péiter Onrou mat, uewendriwwer, dem "Groussen Härgott" | |
An anere Sproochen | de: Peter Unruh |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Koordinaten |
49° 37’ 09.9’’ N 06° 07’ 48.2’’ O |
![]() |
Zoumaachen
D'Grott war héchstwarscheinlech déi lescht Statioun vun engem Kräizwee aus dem 17. Joerhonnert, dee vum Sichegronn bis bei de Crispinusfiels geféiert huet. Dëse Kräizwee ass op engem Plang vu 16?? agezeechent, deen an der éisträichescher Nationalbibliothéik läit[2].
De Site vum Péiter Onrou gouf den 9. November 2017 als nationaalt Monument klasséiert[3].