![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/54/Coccyx_-_animation04.gif/640px-Coccyx_-_animation04.gif&w=640&q=50)
Krippchen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Krippchen ass den ënneschten Deel vun der Wierbelsail vun e puer Primaten, dorënner dem Mënsch. E setzt sech aus dräi bis véier Wierbelen zesummen, déi zesumme gewuess sinn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/54/Coccyx_-_animation04.gif/320px-Coccyx_-_animation04.gif)
De laténgeschen Numm os coccygis kënnt vum algriichesche Wuert fir de Guckuck, well déi antik Griiche fonnt hunn, d'Krippche géif wéi dem Guckuck säi Schniewel ausgesinn.[1],[2],[3]
D'Krippche gëllt als Iwwerrescht vun de Schwanzwierbele vun de Wierbeldéieren, déi sech am Laf vun der mënschlecher Entwécklung zeréckgebilt hunn.
Beim Falen oder engem Schlag op den Hënner kann d'Krippche verrenken oder briechen, wat mat vill Péng verbonnen ass.