cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kokain (oder Cocain) ass ee Stimulant an eng pyschoaktiv Drog mat héijem Ofhängegkeetspotential. Cheemesch gesi gehéiert en zu den Tropan-Alkaloiden an ass en Derivat vun Ecgonin.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kokain | |
---|---|
Systemateschen Numm (IUPAC) | Kokain |
Trivialen Numm | Cocain, Methyl(1R,2R,3S,5S)-3-(benzoyloxy)-8-methyl-8-azabicyclo[3.2.1]octan-2-carboxylat (IUPAC), Ecgonylbenzoat, Koks, Schnei, C, Candy, Coca, Cola, Line, Linie, Flake, Peach,(-)-Cocain, D-Cocain, Erythoxylin, Benzoylecgoninmethylester, 3β-Benzoyloxy-2β-trioancarbonsaïermethylester, 3-Benzoyloxy-8-methylazabicyclo[3.2.1]octan-2-Carbonsaïermethylester. Als fräi Bas: Crack, Freebase, Baseball, Supercoce, ënner anerem. |
Cheemesch Formel | C17H21NO4 |
Ausgesinn / Geroch | |
Eegenschaften | |
Dicht | |
Léislechkeet | HCl: 1800-2500 mg/mL (20 °C) |
Molmass | 303,36 g/mol |
Schmëlzpunkt | 98 °C |
Kachpunkt | 187 °C |
Thermodynamesch Daten | |
Weideres |
Kokain ass wéinst senger Hierkonft a senger net ganz einfacher Produktioun am Verglach mat anere gängege pyschotrope Substanzen, wéi Amphetamin a Methamphetamin, ganz deier. Dohier gëtt Methamphetamin dacks ënner dem Numm Kokain verkaaft. Dem onerfuerene Benotzer gëtt dat net gesot. D'Wierkunge sinn allerdéngs ënnerschiddlech. Fir d'Qualitéit nozeweisen ouni awer bedämpt ze gi gëtt op déi betäubend Wierkung vum Kokain zeréckgegraff an eng kleng Quantitéit op d'Zong geluecht. Well Kokain ganz deier ass, gëtt e meeschtens vu méi räiche Konsumente benotzt.
De Kokain, deen 0,5-1,5 % vum Gewiicht vum Kokasblat ausmécht, gëtt mat engem Léisungsmëttel extrahéiert. Fir de waasserléisleche Kokainhydrochlorid an eng lipophil Form ze brénge gëtt fir d'éischt eng anorganesch Bas zougesat (z. B. Kalziumhydroxid, Ca(OH)2). Illegal Produzente benotze Bensinn oder Kerosin als Léisungsmëttel. No der Behandlung mat der Bas fält Kokapaste aus, déi duerno filtréiert a cheemesch gerengegt gëtt. Zum Schluss gëtt de Réckstand mat konzentréierter Salzsaier an Aceton zu Kokain-Hydrochlorid ëmgesat. Technesch gëtt Kokain follgendermoosse gewonnen: d'Ecgonin-Estergemësch am Alkohol-Extrakt vun de Kokablieder gëtt zu Ecgonin hydroliséiert. Dat gëtt mat Methanol zu Methylester an duerno mat Benzoylchlorid zu Kokainhydrochlorid ëmgesat.
De Wonsch fir eng méi séier a méi intensiv Wierkung vu Kokain ze kréien huet d'Leit op d'Iddi bruecht fir Kokain ze fëmmen. Mä de Kokain deen inhaléiert gëtt zersetzt sech beim Erhëtzen an huet kee Schmëlzpunkt. Fir de Problem ze léise gëtt Kokain mat enger anorganescher Bas reagéiere gelooss (z. B. Ammoniak, Ammoniumhydrogenkarbonat, Bakpolver, Zigarettenäschen). Dobäi gëtt Cocainbas fräi déi duerno mat Ether aus dem Waasser erausgeléist gëtt. Nom Verdonste vum Léisungsmëttel bleift Kokain als fräi Bas zeréck. Dacks gëtt kee Léisungsmëttel benotzt an nëmme Bakpolver, an nom Verdämpe bleift eng Past zeréck. Déi Past gëtt als Crack bezeechent.
Kokain ass en Naturstoff, deen aus de Blieder vum südamerikanesche Kokatrausch (Erythroxylum coca) gewonne gëtt. Déi psychotrop Wierkung vun de Kokablieder ass zanter Joerdausende bekannt. Fir d'Valdivakultur an och spéider fir d'Inka huet de Cocatrausch eng wichteg Roll gespillt. D'Cocablat war fir d'Inkaen e Symbol vu gëttlecher Kraaft. Si hu sech duerch Knae vu Kokablieder gestäerkt (zesumme mat Kallek oder Äschen). Dobäi gëtt Kokain zu Ecgonin ëmgewandelt, wat zwar ureegt an d'Leeschtung fërdert mä vill manner pyschoaktiv ass wéi Kokain.
1750 sinn déi éischt Kokatraisch aus Südamerika an Europa komm.
1836 sinn déi éischt Publikatiounen iwwer d'Wierkungen an d'Follege vum Kokagenoss entstanen: Koka gouf als Drog erkannt.
1860 gouf de Wierkstoff vum A. Niemann isoléiert. Zwee Joer méi spéit gouf och seng Wierkung bekannt.
Duerno gouf dat éischt Gedrénks mat dem Planzenextrakt gemaach. Coca-Cola ass 1886 entstanen. Bis 1903 hat ee Liter Coca-Cola 250 mg Kokain. 1914, wéinst ze vill Kokainvergëftungen, gouf Kokain an net verschreiwungsflichtegem Gedrénks verbueden.
D'Totalsynthees vum Kokain ass 1923 dem Willstätter an al. gelongen. Tëscht den zwéi Weltkricher war Kokain besonnesch bei Intellektuellen a Kënschtler beléift. An den 30er Joren ass de Kokain lues a lues duerch d'Amphetaminen ersat ginn. No dem gesetzleche Verbuet vun Amphetamin a Methamphetamin an de 60er Joren huet de Konsum vu Kokain zougeholl.
Kokain vermëttelt subjektiv Gefiller wéi Euphorie, iwwerméisseg Konzentratiounsfäegkeet, Intelligenz a Cleverness. Duerch déi enthemment Wierkung gëtt wärend enger kuerzer Zäit d'Kommunikatiounsbereetschaft erhéicht. D'Konsumenten erzielen datt ee wärend den éischte Stonne vu méi Kommunikatioun, Gréissewahn, Muechtgefill a Stäerkt ëmginn ass. No deene Stonne gëtt een egoistesch an nëmmen d'Drog zielt an d'Frënn geroden an den Hannergrond. Dobäi kënne Frënn belästegt a fuerchtbar rose gemaach ginn. No dem Rausch kënnt dacks eng psychesch Erschëpfung, verursaacht duerch de Gedankestress, heiansdo kommen Angscht, Depressiounen oder paranoid Wahnvirstellungen dobäi.[2]
Op de Kierper wierkt Kokain follgendermoossen: motoresch Hyperaktivitéit, méi en heije Bols, Gefäässverengung, Bluttdrockerhéijung, Erweiderung vun de Pupillen a Verlagerung vun der Duerchbluddung vun den Organer op d'Muskelen. Appetit, Schlofbedierfnes a Middegkeet ginn ënnerdréckt, wann d'Wierkung noléisst, komme s'awer méi staark erëm. Kokain ass ee positive Verhalensverstäerker; dat bedeit datt een dee seng Wierkung spiert nach méi Kokain wëll anhuelen an aner wichteg Verlaangen z. B. Iesse vergësst.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.