Klierf, fir d'Awunner Cliärref, ass de Chef-lieu vun der Gemeng Klierf a vum Kanton Klierf.
Dës Säit beschäftegt sech mat der Uertschaft Klierf. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Klierf (Homonymie). |
Klierf | |
---|---|
Vue op Klierf vun der Kierch aus gesinn. | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Clervaux de: Klerf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 1.366 |
01.01.2018 | |
Fläch | 275,47 ha |
Héicht | 364 m |
Koordinaten |
50° 03’ 17’’ N 06° 01’ 46’’ O |
Geographie
Klierf läit op enger Héicht vu ronn 350 Meter am Dall vun der Baach mat dem selwechten Numm.
Geschicht
An der Zäit vum franséische Regime d. h. vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Klierf Haaptuert vun engem franséische Kanton am Département des Forêts.
Kuckeswäertes
- D'Schlass Klierf
- Am Schlass d'Ausstellung "The Family of Man", déi vum Edward Steichen zesummegestallt gi war.
- Am Schlass de Musée iwwer den Zweete Weltkrich
- Am Schlass d'Maquettë vu Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- D'Kierch Klierf
- D'Benediktinerabtei Klierf
- D'Monument vum Klëppelkrich
- D'Loretokapell zu Klierf
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Fotoalbum
- D'Klierfer Kierch
- Klierf aus der Loft gesinn
- Vue op Klierf
- D'Schlass Klierf. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez.
- Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.