![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/04/CineBelval_Sall_1_a_w.jpg/640px-CineBelval_Sall_1_a_w.jpg&w=640&q=50)
Kinepolis Belval
From Wikipedia, the free encyclopedia
Kinepolis Belval ass e Multiplex-Kino am Akafszentrum Belval Plaza um Belval, deen den 18. Dezember 2008 als CineBelval seng Dieren opgemaach hat. En huet 7 Säll fir am Ganze 1506 Spectateuren.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/04/CineBelval_Sall_1_a_w.jpg/640px-CineBelval_Sall_1_a_w.jpg)
Bedriwwe gëtt e vun der Kinepolis Group, déi d'Säll (dunn ënnert dem Numm Utopolis Belval) an d'Exploitatioun Enn 2015 vum Utopia Group iwwerholl hat. Dësen hat dës sengersäits am Juni 2013 vun der CineBelval SA iwwerholl.[1]
Wéi de Kino opgemaach huet, housch den Exploitant Caramba Sud SA, un där Financière Mercure zu 40,8 %, Massard Participations (vum Raymond Massard) 18,4 % a Multiplan (déi d'Gebai gebaut huet) zu 40,8 % bedeelegt waren.[2] Multiplan huet sech uganks 2012 zeréckgezunn, an am August 2012 de Massard. CineBelval SA huet zulescht zu 100 % der Société civile Financière Mercure gehéiert.