![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/96/Feldmaik%25C3%25A4fer_%2528Melolontha_melolontha%2529_w_3.jpg/640px-Feldmaik%25C3%25A4fer_%2528Melolontha_melolontha%2529_w_3.jpg&w=640&q=50)
Kiewerlekszopp
From Wikipedia, the free encyclopedia
Kiewerlekszopp ass ee vun de wéinege Platen an Europa an deenen Insekte verschafft ginn, a war bis an d'éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert op d'mannst an Däitschland (Nordhessen) a Frankräich verbreet. De Goût gläicht deem vun enger Kriibsenzopp.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/96/Feldmaik%C3%A4fer_%28Melolontha_melolontha%29_w_3.jpg/640px-Feldmaik%C3%A4fer_%28Melolontha_melolontha%29_w_3.jpg)
Fir d'Preparatioun gi Kiewerleken, ouni Flilleken a Been, am Botter ugebroden an an enger Kallefs- oder Héngerbritt gekacht. Jee nom Rezept gëtt d'Zopp gesift an als Britt zerwéiert, oder d'Kiewerleke ginn am Ufank an engem Mörser zerdrätscht, ier d'Zopp virum Zerwéiere passéiert a mat e bësse Roux an Dueder gebonne gëtt.
Gutt dobäi passen eng Tranche Kallefsliewer oder Dauwebroscht. Pro Persoun soll ee mat enger 30 Kiewerleke rechnen.[1]