![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2d/Kirche_Steinsel_01.jpg/640px-Kirche_Steinsel_01.jpg&w=640&q=50)
Kierch Steesel
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Steesel ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Steesel–Walfer Sainte-Trinité, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Steesel gehéiert. D'Kierch ass dem hellege Péitrus sengem Léierstull (Kathedra Petri) geweit. D'Fest gëtt den 22. Februar gefeiert. De Péitrus vu Mailand[1] figuréiert als zweete Patréiner a gëtt um Päischtméindeg geéiert.
Méi Informatiounen Par, Dekanat ...
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() Parkierch vu Steesel | ||||
Uertschaft / Plaz | Steesel | |||
Par | Steesel–Walfer Sainte-Trinité | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Kathedra Petri | |||
Konsekratioun | 1866 | |||
Architekt(en) | J.-B. Kintzelé | |||
Baujoer | 1851/52 | |||
Koordinaten | 49° 40’ 36.1’’ N 06° 07’ 26.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Zoumaachen
D'Kierch steet, wéi sou dacks, op der Kiercheplaz, der Place de l'Église, déi zum CR123 gehéiert. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Steesel gehéiert ausser der Parkierch vu Steesel och nach d'Filialkierch vun Heeschdref.