From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Haupeschkierch zu Mierschent ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vu Mierschent (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Mierschent | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Haupert | |||
Baujoer | 1833 | |||
Koordinaten | 49° 57’ 14.6’’ N 06° 06’ 19.9’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vum CR320 (rue de Hoscheid a rue de Weiler), dem CR320A (rue de Gralingen) an der rue de Wahlhausen.
Den 29. Mäerz 2023 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Mierschent hunn ausser der Parkierch vu Mierschent och nach d'Filialkierch vu Grooljen, d'Kapell vu Weiler an d'Kapell vun Nuechtmanescht gehéiert.
D'Par Mierschent ass 1808 entstan, virdrun huet d'Uertschaft zur Par Branebuerg gehéiert. Déi haiteg Kierch gouf 1833 op der Plaz gebaut, wou virdrun déi al Kierch stoung. 1922 ass d'Sakristei ugebaut ginn. Wéinst de Beschiedegungen duerch d'Ardennenoffensiv ass d'Kierch nom Krich restauréiert ginn. 1958 gouf de Kierfecht, dee virdru nieft der Kierch war, op seng haiteg Plaz an der Weilerstrooss um Enn vum Duerf installéiert. Nieft der Kierch sinn haut nach als Undenken e puer al Grafsteng erhalen. 2005 ass d'Plaz nieft der Kierch nei amenagéiert ginn.
Commons: Haupeschkierch zu Mierschent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.