kathoulesch Kapell From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kapell vun Nuechtmanescht ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vun Nuechtmanescht (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Nuechtmanescht | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Méchel | |||
Koordinaten | 49° 56’ 52.0’’ N 06° 07’ 41.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zentral am Duerf an der Strooss Am Duerf. Nieft der Kapell steet déi fréier Schoul an déi fréier Molkerei. Déi dräi Gebaier sinn uneneen ugebaut.
Zur fréierer Par Mierschent gehéieren ausser der Kapell vun Nuechtmanescht och nach d'Parkierch vu Mierschent, d'Filialkierch vu Grooljen an d'Kapell vu Weiler.
Zanter dem 13. Abrëll 2012 ass d'Kapell als nationaalt Monument klasséiert.
Commons: Méchelskapell zu Nuechtmanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.