Katerina Sakellaropoulou
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Katerina Sakellaropoulou (griichesch: Αικατερίνη Σακελλαροπούλου - Ekateríni Sakellaropoúlou), gebuer den 30. Mee 1956 zu Thessaloniki[1], ass eng griichesch Juristin an zanter dem 13. Mäerz 2020 Staatspresidentin vun der Helleenescher Republik.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Katerina Sakellaropoulou | |
---|---|
Gebuer | 30. Mee 1956 |
Nationalitéit | Griicheland |
Educatioun |
Universitéit vun Athen, Universitéit Panthéon-Assas |
Aktivitéit | Riichter, Jurist, President |
Partei | Onofhängeg |
Zoumaachen
Vun Oktober 2018 bis Januar 2020 war si Presidentin vum griichesche Staatsrot, dem ieweschte Verwaltungs- a Verfassungsgeriicht vum Land. Den 22. Januar 2020 gouf s'als Nofollgerin vum Prokopis Pavlopoulos gewielt.
Si gehéiert kenger Partei un an ass déi éischt Fra un der Spëtzt vum Land.[2]