From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Këppchen[1], a lokaler oder fréierer Schreifweis Köppchen oder Koeppchen, ass de westlechen Ausleefer vun enger Kopp déi tëscht Ohn a Wuermer läit, an déi hiren héchste Punkt mat 295 Meter iwwer dem Flouer Elterbierg huet.
Këppchen | |
---|---|
D'Këppche mat der Donatuskapell | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wuermer |
Héicht | 295 m |
Koordinaten | 49°37'24,60"N, 6°24'44,86"O |
D'Këppche selwer läit op enger Héicht vun an der Moyenne 250 Meter. Duerch hir géi Hanglag déi vu Südwesten no Südosten orientéiert ass, ass d'Këppche besonnesch als Wäilag fir Riesling predestinéiert. Op der Këppchen an an den Nopeschlagen, Nossbam, Nidert, a Pietert sinn dofir mat déi bescht Rieslingscrue vun der Musel ze fannen.
Matzen an de Wéngerte gouf am hallwen Hank op enger Héicht vun 241 Meter, 1925 eng Kapell zu Éiere vum Hellegen Donatus opgeriicht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Donatuskapell op der Wuermer Këppchen.
Vun der Këppchen aus, engem vun de schéinste Point-de-vuen am Land, huet een en eenzegaartegen Iwwerbléck iwwer Wuermer, op de Wuermer Bierg an op den Dall vun der Musel.
Fir op d'Këppchen ze kommen, fiert een am beschten tëscht Dräibuer a Wuermer vum CR122 an d'Strooss Richtung Këppchen (mat engem Schëld markéiert), den CR146A. Vun där Strooss béit no zirka 350 m riets e Wee of a Richtung Këppchen. Op deem Wee fiert een de Schëlter no, hält sech riets an da kënnt een no 350 m op eng kleng Parkplaz, vun där aus een dann zu Fouss weidergoe kann.
Commons: Këppchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.