![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e8/Lullingjerome.jpg/640px-Lullingjerome.jpg&w=640&q=50)
Jérôme Lulling
lëtzebuergesche Linguist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jérôme Lulling, gebuer zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Linguist.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Jérôme Lulling | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
20. Joerhonnert Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Linguist, Universitéitsprofesser, Iwwersetzer |
Member vun | Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal, Europäesch Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen |
![]() |
Zoumaachen
No der Primärschoul zu Bieles an dem Lycée zu Esch huet hien zu Montpellier Linguistik studéiert an 2002 mat engem Doktorat iwwer déi lexikalesch Kreativitéit an der Lëtzebuerger Sprooch ofgeschloss. Schonn an den 1990er huet hie probéiert, déi Lëtzebuerger Sprooch ze informatiséieren.
Hien ass Enseignant fir d'Lëtzebuergescht op den Universitéiten Tréier (2000-2006) an Namouer (2004-2014) a fir d'Stad Lëtzebuerg (2006-).
Vun Dezember 2005 bis 2011 war hie Member vum 'Comité d'experts de la Charte européenne des langues régionales ou minoritaires au titre du Luxembourg' am Conseil de l'Europe.