De Jules Mersch (och nach Julot genannt), gebuer den 29. Mäerz 1898[1],[2] an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 1. Mee 1973, war e lëtzebuergesche Publizist, Historiker a Genealog.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Publizist Jules Mersch . Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jules Mersch. |
Jules Mersch | |
---|---|
Gebuer |
29. Mäerz 1898 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
1. Mee 1973 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Biograph |
Hie war de Generaldirekter vun der Dréckerei Victor Buck an den Editeur vun der Biographie nationale, an där en och déi meescht Artikele selwer geschriwwen huet. Dës Biographie ass iwwer déi Lëtzebuerger Familljen, dacks ënnerenee bestuet, déi vum 19. bis am Ufank vum 20. Joerhonnert d'politescht an d'wirtschaftlecht Soen zu Lëtzebuerg haten: d'Famillje Metz, Pescatore, Servais, Eyschen, Brasseur asw.
Hie selwer war den Neveu vum Mathieu-Lambert Schrobilgen.
De Jules Mersch war och Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Gielercher[3]
- 1950: Chevalier vun der franséischer Légion d'honneur
- 1953: Chevalier avec couronne vum Ordre d'Adolphe de Nassau
- 1954: Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
- 1971: Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
No him benannt
De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg huet de 17. November 2003 decidéiert eng Strooss an der Millebaach nom Jules Mersch ze nennen. D'rue Jules Mersch ass eng Sakgaass déi vun der Millebaacher Strooss, op der Héicht vum fréieren Atelier Georges aus fort geet.
Säi Wierk
- Biographie nationale du Pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours. Collection présentée par Jules Mersch, XXII fasc., 1947-1975.
Um Spaweck
- Biographie nationale du pays de Luxembourg komplett bei Luxemburgensia online.
Referenzen an Notten
- Robert Matagne, La biographie nationale du pays de Luxembourg en deuil an der Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 21 - page 8 op luxemburgensia.bnl.lu, gekuckt den 22. Mäerz 2019
- Gebuertsschäin Nr. 115 am Gebuerteregëster vun der Stad Lëtzebuerg vun 1898 (S. 173 am PDF-Dokument), op anlux.public.lu, gekuckt den 22. Mäerz 2019
- Opzielung am Artikel vum Robert Matagne In Memoriam Jules Mersch, collection Les Amis de l'Histoire, fascicule X, 1973, Säiten 271-272
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.