flämesche Kartograph From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Jodocus Hondius, (eigentlech Josse de Hondt, gebuer de 17. Oktober 1563 zu Wakken, Flandern a gestuerwen den 12. Februar 1612 zu Amsterdam war e flämeschen Kartograph an Editeur vun Atlanten a Kaarten.
Jodocus Hondius | |
---|---|
Gebuer |
17. Oktober 1563 jul. Wakken |
Gestuerwen |
12. Februar 1612 Amsterdam |
Nationalitéit | Grofschaft Flandern, Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen |
Aktivitéit | Kartograph, Graveur, Editeur, Instrumentebauer, Astronom |
Famill | |
Bestuet mat | Colette van den Keere |
Kanner | Jodocus Hondius II, Henricus Hondius |
Den Hondius gouf als Jong vum Olivier de Hondt an der Petronella d'Havertuyn am flandresche Wakken gebuer. Nach a senger Jugendzäit ass seng Famill op Gent geplënnert, wou de Jodocus am Alter vun aacht Joer eng Léier als Kofferstiecher ugefaangen huet. Am Joer 1584 ass de Jodocus op London geflücht, fir dem reliéisen Duercherneen a Flandern, dem Fräiheetskampf vun Holland z'entgoen.
Zu London léiert hie beim Richard Hakluyt an dem Edward Wright, ier hien am Joer 1593 op Amsterdam geet a sech do op d'Produktioun vu Kaarten a Globe spezialiséiert. Zwéi vu senge Globen huet de Jan Vermeer a sengen Tableauen Den Astronom an De Geograph veréiwegt.
Am Joer 1600 mécht hien en Himmelsglobus, deen 12 nei Stärebiller vum Südhimmel weist, déi vum hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser entdeckt gi waren.
1604 keeft den Hondius d'Drockplacke vum Mercator sengem Weltatlas, deen zu där Zäit u Popularitéit géintiwwer dem Theatrum Orbis Terrarum vum Abraham Ortelius zeréckgefall war. Den Hondius huet ongeféier 40 eege Kaarten dobäi gemaach an huet déi erweidert Editioun 1606 ënner dem Numm vum Mercator a sengem eegenen als Editeur publizéiert. Dësen Atlas, deen an e puer Editiounen erauskoum, gëtt haut Mercator-Hondius Atlas genannt.
Kuerz viru sengem Doud bestit säi Meedchen Elisabeth den hollänneschen Editeur Jan Jansson. Dem Hondius säi Verlag gouf no 1612 vu senger Wittfra a senge Jonge Jodocus II an dem Henricus weidergefouert.[1] Vu 1633 war de Jan Jansson als Geschäftspartner a Matediteur u weidere Publikatioune vum Atlas bedeelegt.
Den Hondius war dem Pieter van den Keere säi Schwoer. Hie war mat deem senger Sëschter Colette bestuet.
Commons: Jodocus Hondius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.